Europol schwätzt zu Den Hague vun engem "Super-Kartell", deen en Drëttel vum Kokain-Handel an Europa kontrolléiert huet, dee konnt zerschloe ginn.

Bei Perquisitiounen d'lescht Woch waren 49 Persounen an enger Rei verschiddene Länner festgeholl ginn, dorënner 6 héichrangeg Verdächteger, déi sech zu Dubai opgehalen haten. Si hu Liene mat Spuenien, Frankräich respektiv Holland, woubäi et sech bei engem vun den hollännesche Verdächtegen ëm e "ganz grousse Fësch" soll handelen.

Den hollännesche Parquet huet annoncéiert unzefroen, datt déi Verdächteg vun de Vereenegten Emirater ausgeliwwert ginn. Wärend den Investigatioune sinn Europol no méi wéi 30 Tonnen Droge saiséiert ginn.