Ungarn dreet d'Aussetze vun EU-Hëllefen a Milliardenhéicht. D'Kommissioun recommandéiert, d'Corona-Hëllefen an aner Fërdermëttel fir d'Land anzefréieren.

Eréischt wann de Ministerpresident Viktor Orban d'Versprieche fir d'Garantéiere vun der Rechtsstaatlechkeet komplett ëmsetzt, sollen d'Memberstaaten déi agefruer Hëllefen an Héicht vu méi wéi 13 Milliarden Euro fräiginn.

Konkreet reprochéiert d'EU-Kommissioun Ungarn Korruptioun a massiv Problemer beim ëffentleche Verdeele vun Opträg un Entreprisen. Schonn am Abrëll gouf wéinst de Virwërf eng Prozedur ënnert dem neie Rechtsstaatmechanismus géint d'EU-Land lancéiert. Domat kënnen engem Land Hëllefe gekierzt ginn, wa Schied fir den EU-Budget dreeën.

Deemno recommandéiert d'EU-Kommissioun de Member-Länner e Mëttwoch, Ungarn eng éischte Kéier d'Milliardenhëllefe viraussiichtlech ze suppriméieren.

Der Europäescher Unioun schéngen déi vum Premier Orban ugekënnegt Reforme wuel net duer ze goen, fir der Korruptioun Meeschter ze ginn. Theoreetesch kéinten d'EU-Finanzminister d'Annulatioun vun den Hëllefsmëttel de 6. Dezember decidéieren.

Schreiwes vun der EU-Kommissioun

Press release

Commission finds that Hungary has not progressed enough in its reforms and must meet essential milestones for its recovery and resilience funds

The Commission has today presented an assessment under the conditionality procedure to Hungary. The Commission finds that, notwithstanding steps taken, there is still a continued risk to the EU budget given that the remedial measures that still need to be fulfilled are of a structural and horizontal nature.

The Commission, after ensuring essential milestones on judicial independence and protecting the EU budget were included, has also decided today to endorse Hungary’s Recovery and Resilience Plan (RRP), conditioned on the full and effective implementation of the required milestones. In fact, in the recovery and resilience plan, and with a view to resolve the breaches putting the EU budget at risk, Hungary has committed to the 17 remedial measures, together with other rule of law reforms related to judicial independence, as a clearly defined set of 27 ”super milestones”. This means that no payment under the RRF is possible until Hungary has fully and correctly implemented these 27 “super milestones”.