Zu Tirana an Albanien ass den Ament de gemeinsame Sommet vun der EU a vun de Staate vum Westbalkan.

Wéi et vun europäescher Säit heescht, wéilt een am Kader vum Sommet op en Neits ënnersträichen, dass Albanien, Bosnien-Herzegowina, de Kosovo, Nordmazedonien, Montenegro a Serbien der EU bäitriede sollen. Ausserdeem wéilt een dozou opruffen, d'Verhandlungen iwwer d'Bäitrëtter ze beschleunegen.

Donieft soll déi irregulär Migratioun iwwer d'Balkanroute um Sommet beschwat ginn. Dëst Joer sinn esouvill Mënschen op dësem Wee an d'EU komm ewéi zënter 2016 net méi.