Intern Enquête am EU-Parlament wéinst Korruptiounsvirwërf
D'EU-Parlamentspresidentin an d'Kommissiounspresidentin hunn op d'Korruptiounsaffär ronderëm Vizepresidentin vum EU-Parlament Eva Kaili reagéiert.
"D'Virwërf géint d'Vizepresidentin vum Europäesche Parlament si ganz schwéier", esou d'Ursula von der Leyen e Méindeg iwwert déi griichesch Politikerin Eva Kaili, déi no Korruptiounsvirwërf an Untersuchungshaft ass. Nieft hir goufen nach dräi weider Verdächteger festgeholl.
De Bréisseler Parquet huet de Verdacht, datt de Katar mat groussen Zomme Suen a Geschenker probéiert huet, Entscheedungen am EU-Parlament ze beaflossen. Der Vizepresidentin vum EU-Parlament an deenen dräi anere Verdächtege gëtt "Memberschaft an enger krimineller Vereenegung, Geldwäsch a Korruptioun" virgeworf. D'Eva Kaili gouf schonn e Samschdeg vun hirem Poste suspendéiert. Déi offiziell Ofsetzung vun der Politikerin kéint en Dënschdeg am EU-Parlament am Fall vun enger Zwee-Drëttel-Majoritéit acceptéiert ginn.
D'EU-Parlamentspresidentin Roberta Metsola huet am Kader vun de Korruptiounsvirwërf e Méindeg eng intern Enquête annoncéiert. De Fall wier gläichzesetzen mat engem "Ugrëff op déi europäesch Demokratie", esou d'Malteserin e Méindeg zu Stroossbuerg.
D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet e Méindeg dann an deem Kader och en neien Ethikgremium fir all EU-Institutioune gefuerdert. D'EU bräicht "déi héchste Standarden", wat Onofhängegkeet an Integritéit ugeet. D'EU-Kommissioun huet esou een Ethikgremium schonn.

© AFP/Frederick FLORIN
Am Mäerz hätt si scho Gespréicher an d'Rulle bruecht, fir "kloer Reegelen, kloer Standarden" an "déi nämmlecht Kontrollmechanismen" fir all Institutiounen anzeriichten. Betraff wieren dovun net just de Rot vun de Memberlänner an d'EU-Parlament, mee och zum Beispill déi Europäesch Zentralbank an den Europäesche Rechnungshaff. "Ech hoffen, datt mir dëse Prozess elo e bësse méi séier virundreiwe kënnen", esou d'Ursula von der Leyen.
Op Froen, ob d'EU-Kommissioun och an de Skandal kéint verwéckelt sinn, huet d'Kommissiounspresidentin auswäichend reagéiert. Et hätt een "ganz kloer Reegele fir all Kommissären" an et géif ee sech dat ukucken. Virun allem de griichesche Vizekommissiounspresident Margaritis Schinas, deen zesumme mat der Vize-Parlamentspresidentin Eva Kaili bei der Erëffnung vun der WM am Katar derbäi war, ass an deene leschten Deeg méi an de Fokus geréckt.