Et wier beonrouegend, datt Twitter Journalisten op hirer Plattform géif spären, heescht et vun der EU.

D'EU dreet dem Twitter-Chef Elon Musk mat Sanktiounen am Kader vun engem nächste Gesetz iwwer Medien, nodeems e puer Journaliste vun der Plattform suspendéiert goufen. Der zoustänneger EU-Kommissärin Vera Jourova no wär dat beonrouegend.

Den Digital Services Act vun der EU géif de Respekt vun der Fräiheet vu Medie fuerderen. Si betount, et misst dem Elon Musk bewosst ginn, dass et an der EU rout Linne ginn.