D'Inflatioun an der Eurozon läit fir de Mount November bei knapp 10,1 Prozent an domat minimal méi héich ewéi geduecht. Dat huet Eurostat matgedeelt.

Trotzdeem ass d'Präisdeierecht an den Euro-Länner d'leschte Mount fir déi éischte Kéier no annerhallwem Joer erofgaangen. Mat eppes iwwer 23 Prozent ass d'Inflatioun an Ungarn am héchsten. Op der anerer Säit vun der Leeder befënnt sech Spuenie mat 6,7 Prozent.

Zu Lëtzebuerg louch d'Präisdeierecht de leschte Mount bei 7,3% an op déi ganz EU gekuckt louch se bei 11,1 Prozent.