
© HENNING KAISERDPA dpa Picture-Alliance via AFP
De Karlspräis 2023 geet un dat ukrainescht Vollek an un den ukrainesche President Wolodmyr Selenskj. Dat deelt d'Stad Oochen e Freideg mat.
Si begrënnt d'Auszeechnung op hirem Internetsite domadder, dass d'Ukrainer an hire President net nëmmen hiert Land géint eng Invasioun, déi géint d'Vëlkerrecht verstéisst, verdeedege géifen. Si géifen och fir d'Verdeedegung vun Europa a vun den europäesche Wäerter antrieden.
Déi russesch Invasioun géif sech géint d'Fräiheet, d'Demokratie, d'Mënscherechter an de Multilateralismus an domadder géint déi europäesch Gesellschafts-, Sécherheets-, a Friddensuerdnung riichten.
De Wolodmyr Selenskj wier am Verdeedegungskrich vun der Ukrain net nëmmen de President vun der Ukrain an den ieweschte Kommandant vun hirer Arméi, mä och dee wichtegste Lien tëscht sengem Land an dësem sengen Alliéierten.