
© AFP
An Zukunft wäerte Produzente vun elektroneschen Apparater mussen uginn, wéi gutt hir Produite kënne gefléckt ginn.
D'EU-Kommissioun ass sech mat de Memberstaaten eens ginn, vun 2025 un esou en Index anzeféieren. Dobäi soll ënnert anerem gekuckt ginn, wéi vill Aarbechtsschrëtt ee brauch, fir den Apparat auserneenzehuelen a wéi gutt Ersatzstécker a wéi laang Software-Updates disponibel sinn. Dëst soll eng Motivatioun fir Produzente sinn, hir Wueren innovativ an nohalteg ze gestalten.
Am meeschte gelies