En Donneschdeg war d'EU-Parlament mat grousser Majoritéit dofir, datt den Accès fir kataresch Lobbyiste wärend der Enquête gestoppt gëtt.

De Katar weist d'Reprochen an der Korruptiounsaffär ëm d'EU-Parlament zeréck a warnt virun negativen Auswierkungen op d'Gasliwwerungen. "De méigleche Stopp vum Accès zum EU-Parlament wier fir de Katar eng Diskriminatioun an hätt en negativen Afloss op d'Relatiounen an d'Gasliwwerungen", heescht et an enger Deklaratioun vun engem katareschen Diplomat, déi e Sonndeg zu Doha publizéiert gouf.

D'EU-Parlament steet zënter méi wéi enger Woch am Mëttelpunkt vun enger Korruptiounsaffär. Eng Rei Verdächteger goufe festgeholl, bei hinnen ass op d'mannst annerhallef Millioun Euro Boergeld fonnt ginn.

D'Enquête vum belsche Parquet viséiert besonnesch déi ofgesate Vize-Parlamentspresidentin Eva Kaili. Si steet ënnert dem Verdacht, datt si vum Katar bezuelt gouf, fir sech fir d'Intresse vum Golfstaat anzesetzen.

En Donneschdeg war d'EU-Parlament mat grousser Majoritéit dofir, datt den Accès fir kataresch Lobbyiste wärend der Enquête gestoppt gëtt. Déi definitiv Decisioun läit bei der Presidentin vum Parlament Roberta Metsola.