D'Benelux-Länner, Däitschland, Frankräich, Éisträich an d'Schwäiz wëlle méi enk bei der Energieversuergung zesummeschaffen.

Ënnert der Presidence vu Lëtzebuerg, waren zu Bréissel d’Energieministeren aus 7 west-europäesche Länner beieneen: Der Belsch, Holland, Däitschland, Éisträich, Frankräich, der Schwäiz an eben och de Claude Turmes fir de Grand-Duché.

Dobäi gouf festgehalen, dass een nach méi enk an Energiefroe wëll zesummeschaffen, haaptsächlech wat d’Stroum-Versuergung ugeet.

An deem Sënn gouf e Kommunikatiounsaccord fir Krisefäll ënnerschriwwen.

De Forum aus 7 Natiounen, dee schonns méi laang besteet, wier sech och eens, dass an den nächste Jore verstäerkt an den Energiewiessel muss investéiert ginn. Decarbonisatioun ass d’Stéchwuert, hin zu méi erneierbarer Energie. Dofir wëll een och méi mat Groussbritannien a mat Norwegen zesummeschaffen. Béid Länner waren och e Sonndeg den Owend zu Bréissel mat derbäi.