Déi fréier Vizepresidentin vum EU-Parlament soll ënner anerem zouginn hunn, dass si hire Papp gebieden hätt, Suen ze verstoppen.

Der belscher Zeitung "Le Soir" an der italienscher Zeitung "La Republica" no soll déi fréier Vizepresidentin vum EU-Parlament en Deel vun de Faiten, déi hir am Korruptiounsskandal ëm d'Europaparlament reprochéiert ginn, zouginn hunn. Dat géif aus Dokumenter vun der Enquête ervirgoen. Ënner anerem hätt si zouginn, hire Papp gebieden ze hunn, grouss Zomme Boergeld ze verstoppen.

D'Kaili an hire Partner Francesco Giorgi sëtzen den Ament an der Belsch an Untersuchungshaft, grad ewéi dee fréieren italieneschen EU-Deputéierten Pier Antonio Panzeri. Der Kaili hire Papp war iwwerdeems den 9. Dezember zu Bréissel festgeholl ginn, wéi hie probéiert hat, e Koffer voller Suen an engem Hotel ze verstoppen. Dat nodeems d'Kaili hie virun engem Groussasaz vun der belscher Police gewarnt hat.

Wéi "Le Soir" weider schreift, wieren dem Pier Antonio Panzeri seng Fra an Duechter an Italien festgeholl ginn. E Geriicht soll elo decidéieren, ob si un d'Belsch ausgeliwwert ginn. Allebéid gi verdächtegt Deel vun der Organisatioun ze sinn, déi vu Katar a Marokko aus d'EU-Parlament beaflosse wollt.