
© AFP
Géint de weltwäit gréissten Online-Händler gouf aus diverse Grënn enquêtéiert.
D'Kommissioun hat Amazon ënnert anerem reprochéiert, net-ëffentlech Donnéeë vun onofhängege Vendeuren, déi hir Wuer iwwer Amazon verkafen, systematesch ze notzen, fir seng eege Venten ze verbesseren. Amazon huet sech elo engagéiert, dës Donnéeën an Zukunft besser ze schützen. Sollt Amazon sech net dorun halen, kann d'Kommissioun substantiell finanziell Strofen decidéieren.
Am meeschte gelies