An der EU gi sech ëmmer méi Suerge gemaach virun engem Iwwerschoss vu Corona-Vaccin a Milliardenhéicht, deen net méi gebraucht gëtt.

D'EU-Gesondheetskommissärin Stella Kyriakides géif d'Fuerderung vu Memberstaaten ënnerstëtzen, fir Noverhandlunge mat de Pharmakonzerner ze féieren. Et hofft een d'Liwwerverträg "un déi nei Realitéiten unzepassen".

Eng Rei Memberstaaten hu scho virun engem groussen Iwwerschoss u Corona-Vaccin gewarnt, deen net nëmmen deier kascht, ma och misst zerstéiert ginn. D'Europäesch Unioun hat Milliounen Dosisse Vaccine fir déi nächst zwee Joer virbestallt, déi wuel net gebraucht ginn.