Tëscht Januar an Oktober vun dësem Joer goufen an der EU bal 790.000 Asyl-Demandë gemaach. Dat war eng Hausse vu 54 Prozent par Rapport zum Joer virdrun.

De Biergerkrich a Syrien oder d'Taliban an Afghanistan. Dat sinn nëmmen zwou vu ville geopolitesche Krisen, wéinst deene vill Leit sech op de Wee maachen, fir an der EU e séchert Liewen unzefänken.

D'Zuel bleift awer ënnert deenen aus de Joren 2015 a 2016, ewéi d'Cheffin vun der Administratioun fir Asyldemanden an der EU Nina Gregori den Zeitunge vum Funke Mediegrupp erkläert huet.