Obwuel ëmmer manner mat Boergeld bezuelt gëtt, wäerten d’Euro-Länner d’nächst Joer vill Mënz produzéieren.

Dat gëllt fir déi 19 Eurolänner plus Kroatien, dat den Euro jo op den 1. Januar aféiert. De Volume fält domadder däitlech méi héich aus, wéi an de leschten dräi Joer.

Eleng d’Kroate kréie Mënz an Héicht vu knapp 317 Milliounen Euro.