
© AFP/JOHN THYS
Net nëmmen de Katar, mä och Marokko soll an de Bestiechungs- a Korruptiounsskandal am Europaparlament involvéiert sinn.
Dat schreift de Spiegel no intensive Recherchen. Deemno wier de marokkaneschen Auslands-Geheimdéngscht DGED op héchstem Niveau dru bedeelegt gewiescht, Afloss op Europa-Deputéiert ze huelen.
Schonn 2019 wieren déi zwee italienesch Parlamentarier Panzeri a Cozzolino, an och de Francesco Giorgi, de Liewenspartner vun der ofgesater Parlaments-Vizepresidentin Eva Kaili, rekrutéiert ginn, fir déi sozial-demokratesch Fraktioun zu Stroossbuerg ze beaflossen.
Dem Spiegel no wier den aktuelle marokkaneschen Ambassadeur a Polen, fir d'Féierung vun deenen dräi responsabel.
Virun allem a Punkto Fëscherei-Rechter wier Marokko ganz interesséiert dru gewiescht, datt EU-Decisiounen an hirem Interessi geholl ginn.
Souwuel d'Kaili, wéi och de Giorgi an de Panzeri sëtzen allen dräi weider an der Belsch an Untersuchungshaft.