Um Niveau vun der Europäescher Unioun schafft een aktuell un engem Monitoring vun de Corona-Variante vun infizéierte Leit, déi aus China an d'EU areesen.

Dat seet den däitsche Gesondheetsminister Karl Lauterbach. Grond heifir sinn déi sëlleg Nei-Infektioune mam Corona-Virus a China.

Eng allgemeng Test-Flicht fir Leit, déi aus China kommen, hält hie genee wéi déi europäesch Gesondheetsautoritéit ECDC net fir néideg.

De Varianten-Monitoring op Fluchhäfe wier dogéint sënnvoll, grad och well een den Ament aus China keng fiabel Donnéeë kréich. Méiglech wieren deemno geziilt Tester op vereenzelte Fluchhäfen uechter Europa.

No Italien huet e Freideg och Spuenien annoncéiert, Areesrestriktioune fir Leit aus China anzeféieren. Deemno mussen dës an Zukunft entweder en negative Corona-Test hunn oder komplett geimpft sinn.

Ähnlech Restriktioune goufen och an anere Länner agefouert, dorënner d'USA, Japan, Indien, Südkorea an Israel.