"Frankräich a Schweden féieren de Wee fir Europa méi gréng ze maache mat stabeler, net-fossiller Atomenergie."

Dat huet de schwedesche Premier Ulf Kristersson um Dënschdeg op senger Visitt beim franséische President Emmanuel Macron zu Paräis deklaréiert.

Schweden huet zanter dem 1. Januar d’Presidence vun der europäescher Unioun a wëll – a Géigesaz zur Lëtzebuerger Regierung also – kloer op Atomenergie setzen, fir manner ofhängeg vu Russland ze ginn.

"Eis zwee Länner hunn eng staark an houfreg Traditioun vun Ingenieuren. A wéi dir vläicht wësst, ass déi nei schwedesch Regierung staark engagéiert, fir nei Atomzentralen a Schweden ze bauen a mir si vun der franséischer Erfarung impressionéiert, genee esou ewéi d’Erfarung vun anere Länner", sou den Ulf Kristersson.

Déi schwedesch Regierung besteet zanter Oktober aus liberalen a konservative Parteien a fir d’éischte Kéier ass och eng riets-nationalistesch Partei mat dobäi.

Lëtzebuerg huet zesumme mat Éisträich géint déi sougenannt Taxonomie vun der EU-Kommissioun geklot, well dës Klassifizéierung Atomenergie a Gas als gréng Energien ugesäit.