E fräie Mataarbechter kann net wéinst senger sexueller Orientéierung en Aarbechtskontrakt refuséiert kréien.

Den Europäesche Geriichtshaff hei um Kierchbierg gëtt engem Mann Recht, deen déi polnesch ëffentlech Tëlee op Schuedenersatz verklot huet, well hien do wéinst senger Homosexualitéit keng Kontrakter méi krut. De fräie Mataarbechter, deen audiovisuell Montagë gemaach huet, hat 2017 e Chrëschtdagsvideo mat sengem Partner verëffentlecht, fir Toleranz géigeniwwer gläichgeschlechtleche Koppelen ze promovéieren.

Kuerz drop huet de Sender seng Aarbechtsopträg unilateral gekënnegt an duerno krut hie keng Kontrakter méi. A sengem Arrêt kënnt d'Cour zur Conclusioun, datt d'EU-Direktiv iwwert Gläichberechtegung op der Aarbecht sech hei applizéiert, also datt d'Tëleeschaîne de Mataarbechter net hätt dierfe wéinst senger sexueller Orientatioun diskriminéieren.