Den LSAP-Europadeputéierte gouf am zweeten Tour zum Nofollger vum Eva Kaili gewielt. Hie wëllt d'Vertrauen an d'Parlament erëm hierstellen.

E Mëttwoch an der Mëttesstonn huet d'Europaparlament de Marc Angel zum neie Vizepresident vum Europaparlament gewielt. Den LSAP-Politiker huet sech géint d'Fransousin Gwendoline Delbos-Corfield vun deene Gréngen an d'Italienerin Annalisa Tardino vun der rietsnationaler ID-Fraktioun duerchgesat. Allerdéngs huet et zwee Votte gebraucht, bis en déi néideg Majoritéit areecht hat. Dat stéiert de Marc Angel awer net, hie wier "ganz frou an immens houfreg", datt hien net just Stëmme vun senger eegener an anere progressive Parteie krut an d'Ënnerstëtzung  vun deenen anere fënnef Lëtzebuerger Europadeputéiert hat. Am zweeten Tour krut hien 307 Stëmmen. De Marc Angel trëtt d'Nofolleg vum Eva Kaili un. Déi griichesch Politikerin vun der sozialdemokratescher PASOK-Partei ass vun hire Fonctiounen suspendeiert ginn, well si ënnert Korruptiounsverdacht steet. Si soll Suen aus dem Katar a Maroc ugeholl hunn. De Marc Angel fënnt et allerdéngs richteg, datt déi sozialistesch Fraktioun trotz Kritik net op de Poste vum Vizepresident verzicht huet.

Cut Marc Angel

Marc Angel (LSAP-Europadeputéierten):"Et ass awer och een Zeechen, datt mer als Sozialiste selbstbewosst sinn an net soe mir si Korrupter dofir melle mer eis net. Nee, dat war een Eenzelfall an eiser Fraktioun. Dee Skandal, dat ass kriminell Aktivitéit, eise Grupp ass propper, eise Grupp ass serieux. An dat ass och een Zeechen an dofir weess ech och, datt ech eng grouss Responsabilitéit hunn."

Fir d'Vertrauen an d'Europaparlament rëm hierzestellen, misst déi Resolutioun, déi fir méi Transparenz suerge soll an am Dezember gestëmmt gi war, mat Liewe gefëllt ginn. Am Ganzen huet d'Europaparlament 14 Vizepresidenten, déi zesumme mam President an de fënnef Quästoren de Büro vum Parlament bilden. All Vizepresident huet verschidde Responsabilitéiten a steet un der Spëtzt vun Aarbechtsgruppen. De Marc Angel iwwerhëlt d'Positioun vum Eva Kaili an ass d'Nummer Fënnef ënnert de Vizepresidenten. Hien ass nom Nicolas Estgen (CSV) 1979 deen zweete Lëtzebuerger an der Geschicht, deen zum Vizepresident vum Europaparlament gewielt gouf.

De Marc Angel gesäit seng politesch Zukunft an Europa. Hie wäert seng Partei am Walkampf fir d'Chamberwalen am Oktober zwar ëffentlech ënnerstëtzen, well déi Lëtzebuerger Nationalpolitik och ëmmer een europäesche Volet hätt, mee säin Numm wäert net op enger Lëscht optauchen. Sollt d'LSAP hie froen, géing hien awer bei den Europawalen Mëtt 2024 nees kandidéieren.