E Méindeg hunn d’EU-Ausseministeren zu Bréissel weider 500 Milliounen Euro accordéiert. Waffen a Munitioun solle finanzéiert ginn.

Domat klëmmt den EU-Effort zanter dem Ufank vum Krich op iwwer 3,5 Milliarden. Dësen Dënschdeg sinn et genee 11 Méint, datt de russeschen Ugrëffskrich amgaangen ass. D’Zesummenaarbecht mat den Alliéierten, a virun allem mat den USA, huet den ukrainesche President e Méindeg den Owend a sengem Videomessage, deen en all Dag mécht, ervir gehuewen.

Et wär e «raiberesche» Krich. Dat heescht, alles dat, wat d’Russen net géifen zerstéieren, géife se klauen. Zum Beispill d’Kären an d’Maschinne vun de Baueren.

Zwou Milliounen Ukrainer wären och a Russland deportéiert ginn. Dës Ausso kann awer net iwwerpréift ginn.