En Donneschdeg hunn d'Inneministeren aus der EU iwwer méi Réckféierunge vun deene Mënschen, deenen hir Demande op Asyl refuséiert gouf, diskutéiert.
An der EU géing "en immens déiwen Taux vu Réckféierungen" registréiert ginn, wéi d'Innekommissärin Ylva Johansson virun der Entrevue matgedeelt huet. Deemno wieren 2021 nëmmen 21 Prozent vun de refuséierte Migranten an hir Staaten zréckgefouert.
An deem Kontext missten also Efforte gemaach ginn, huet d'EU-Innekommissärin Johansson en Donneschdeg bei der Reunioun zu Stockholm betount. Dowéinst goufen ufangs der Woch Proposen zu Bréissel gemaach, wéi den Taux erhéicht kéint ginn. D'schweedesch EU-Rotspresidentschaft wëll ënnert anerem "onkooperativ" Staaten ënner Drock sëtzen - zum Beispill duerch e méi restriktiivt Accordéiere vu Visaen.
Ëmstridde bleift wéi vill Drock d’EU op d’Heemechtslänner ausübe soll, mat deenen eng Zesummenaarbecht schwiereg ass. Wéi kann ee se motivéieren, hir Bierger zréckzehuelen? Do ginn et den Ament bei de 27 Memberlänner nach ganz ënnerschiddlech Meenungen.