Wann et der FAO no geet, gi ronn 10 Milliounen Hektar Bësch am Joer verluer, dovunner gi ronn 10% op d’Kap vun der Europäescher Unioun.
Schold ass de Konsum vu bestëmmte Produiten. En neie Reglement soll den EU-Bierger garantéieren, datt d’Produiten, déi se kafen, net mam Ofholze vu Bëscher zesummenhänken. D’Gesetz bezitt sech ënner anerem op Véi, Kakao, Kaffi, Palmueleg, Soja an Holz. An engems wëll d’EU zesumme mat de Klengbaueren an de Produktiounslänner schaffen a soumat mat engem gudde Beispill virgoen. Déi nei Reegelung vun der EU bréngt administrativ Erausfuerderunge mat sech. Dëst net nëmme fir d’europäesch Betriber, ma och op der Plaz, wou d’Produiten hierkommen. Beim Kakao z.B. sinn 80% vun de Produzente Klengbaueren, déi wéineg finanziell Moyenen hunn. Fir dëse Leit entgéint ze kommen, wëll d’EU hinnen administrativ an technesch Hëllefen ubidden. De Lëtzebuerger EU-Deputéierte a Rapporter vun dësem Reglement Christophe Hansen:
“Wa mir manner kafen, da sinn d’Chinesen déi éischt, déi déi Produkter huelen, dofir ass et wichteg, dass mer besonnesch deene klenge Produzenten hëllefe bei deenen techneschen Upassungen, well soss soe se sech, dass se mat deem administrativen Opwand un aner Clientë verkafen, déi manner exigent sinn. Dat ass eng grouss Gefor an dofir ass et och wichteg, dass mer hinnen hëllefen, si wëllen et maachen.”
Mat Methode wéi der Geolokalisatioun kéint ee genee zréckverfollegen, wou d’Produiten hierkommen an ob do virdrun e Bësch stoung. Genee esou technesch Hëllefe wéilt een och deene klenge Baueren ubidden. Iwwer déi Lokalisatioun kéint een dann och kontrolléieren, ob de Produit an d’EU eran dierf oder net.
Fairtrade Lëtzebuerg begréisst de Reglement aus der EU. D’Organisatioun stéiert sech awer dorunner, datt bis lo nach näischt ënnerholl gi wier, fir géint d’Aarmut vun de Bauere virzegoen, de Jean-Louis Zeien vu Fairtrade Lëtzebuerg:
“Dofir wiere mir vun der Fairtrade Beweegung frou gewiescht wann eppes geschitt wier wat leider net geschitt wier. D’Europaparlament, déi waren op der gudder Säit, mee et ass net duerchgaangen. Mir hu gesot, d’Produzente brauchen ee faire Präis, si brauchen een existenziell geséchert Akommes.”
Fairtrade Lëtzebuerg erhofft sech, dass hir Fuerderung nach an d’Europäescht Liwwerkettegesetz, wat nach aussteet, mat erageholl gëtt