An enger éischter Schätzung vun Eurostat fir de Januar, sinn d'Präisser op ee Joer gekuckt ëm 8,5 Prozent geklommen.

Am Dezember zejoert louch den Inflatiounstaux an der Eurozon nach bei 9,2 Prozent. Am Oktober war et e Rekordwäert vun 10,6 Prozent. Mam Januar ass et den drëtte Mount um Stéck an deem d'Präisser manner staark geklomme sinn ewéi am Mount virdrun.
Et sinn nach ëmmer d'Energiepräisser déi d'Inflatioun dreiwen. Allerdéngs net méi sou staark ewéi virdrun.

D'Europäesch Zentralbank dierft d'Inflatioun, déi zeréckgeet, mat Erliichterung ophuelen. Ob dat awer schonn en Impakt op d'Zënsen huet, ass net kloer. Et ass een nach wäit fort vum zwee Prozent-Zil vun der EZB. En Donneschdeg hëlt d'Zentralbank eng nei Decisioun a Saachen Zënsen.