
© afp
En Dënschdeg hat d'EU-Kommissioun zu Bréissel den Industrieplang fir de "European Green Deal" presentéiert.
Dëse gesäit ënner anerem vir, dass Gelder an dräistelleger Milliardenhéicht aus aneren europäesche Fongen an de Klimaschutz fléissen. Ausserdeem sollen d'Reegele fir Staatshëllefe gelackert, a Klimaschutzprojete méi séier autoriséiert ginn.
Deen neie Plang ass awer och eng Reaktioun op den industrielle Subventiounsprogramm an den USA. Deen ass jo iwwer 430 Milliarden Dollar schwéier a soll Ureizer fir auslännesch Firmen schafen, hir Produktioun an d'USA ze verleeën.
Am meeschte gelies