D'Europäesch Zentralbank huet de Leetzëns vum Euro en Donneschdeg eng weider Kéier gehéicht, dat ëm en hallwe Prozentpunkt.

Den Haaptleetzëns klëmmt ëm 0,5 Punkten op elo 3 Prozent. Et ass déi fënneft Hausse hannerteneen.

Domat probéiert d'EZB géint déi nach ëmmer héich Inflatioun am Euroraum virzegoen. Eng weider Hausse gëtt sech Mëtt Mäerz erwaart.

D'Presidentin vun der EZB, d'Christine Lagarde, hat Enn zejoert erkläert, dass d'Zënsen nach weider däitlech misste klammen, fir d'Präisdeierecht genuch anzedämmen.