
© AFP Archiv
En Donneschdeg de Moien um 10 Auer hu sech d'EU-Regierungscheffe fir e Spezialsommet zu Bréissel gesinn, bei deem et ëm Sträitsujeten an der EU goung.
Ee grousst Thema gëtt op en Neits de Krich an der Ukrain an domat verbonnen d'europäesch Waffeliwwerungen. En plus ass den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj physesch zu Bréissel present. Hie war schonn e Mëttwoch fir d'éischt zu London an duerno zu Paräis op Besuch.
Ma um Sommet, op deem och de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel dobäi ass, wäert et och ëm d'Sträittheme Migratioun an europäesch Kompetitivitéit goen.
De Xavier Bettel huet sech bei senger Arrivée zu Bréissel a Saache Kampffliger-Liwwerungen zréckgehalen. Als e Land, deem seng Arméi keng Kampffligeren hätt, wier hie schlecht gestallt, fir do eppes ze soen. Wichteg wier awer, datt d'EU mat enger Stëmm schwätzt. De Staatsminister huet explizitt déi vill Efforte gelueft, déi d'Ukrain gemaach hätt, fir eng Kéier an d'EU opgeholl ze ginn. Et sollt ee sécher näischt verspriechen, wat een net hale kann, mä et kéint een awer net soen, datt näischt geschitt wier.
Anert grousst Thema um Sommet ass d'Migratioun. Do war de Xavier Bettel formell. Eng Mauer hätt nach ni eng Léisung bruecht. Eng Mauer an Europa mat den europäesche Stären drop wier eng Schan, huet de Premier widderholl. Dat wier net dat Europa, wat hie sech virstelle wéilt.
Zu London am brittesche Parlament war den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj ganz kloer: "D'Fräiheet wäert gewannen", sot hien an "et wäert eng Victoire ginn, déi d'Welt wäert veränneren". Et bleift ofzewaarden, ob de Selenskyj sech virum EU-Conseil d'selwecht decidéiert ausdréckt. Ëmmerhi war Groussbritannien de Waffe-Wënsch vum Selenskyj gréisstendeels ouni laang ze negociéieren nokomm.
Op EU-Niveau ass dat méi schwéier. Déi däitsch Regierung krut reprochéiert, ze laang ze zécken. Ma de Kanzler Olaf Scholz wëll un der beduechter Strategie festhalen, wéi hie virum däitsche Bundestag sot.
Ëstlech Memberstaaten ewéi Polen zum Beispill wäerten op dësem Sommet Drock maachen, fir méi séier och schwéier Waffen ze liwweren. Kampfjette wäerten och Thema sinn. Als éischt vläicht d'Formatioun vun ukrainesche Piloten.
Et bleift interessant: ëmmerhi ginn ëmmer méi Stëmmen haart, déi soen, elo virun enger méiglecher zweeter Groussoffensiv vu Russland misst een der Ukrain liwweren, wat se freet.
D'Thema Migratioun suergt schonn am Virfeld vum Sommet fir Opreegung. Éisträich dreet domat, d'Schlussdeklaratioun vum Conseil net matzedroen, sollten an der Fro keng kloer Mesurë geholl ginn. Dem Kanzler Karl Nehammer no misst d'EU sech kloer dozou bekennen, de Grenzschutz mat de finanzielle Mëttelen aus dem EU-Budget ze renforcéieren. Éisträich a siwen aner Memberstaaten haten e Bréif un déi héchst EU-Politiker Ursula von der Leyen a Charles Michel gemaach: si fuerdere méi séier Expulsiounen an nei Accorde mat Drëttstaate fir Rapatriementer. Eng Rei Memberstaaten hätte méi respektiv nach ëmmer esou vill Arrivéeë vu Migranten an Demandë fir Asyl ewéi wärend der Migratiounskris 2015 an 2016, heescht et am Schreiwes.
Donieft wäerten d'EU-Staats a Regierungscheffen un enger europäescher Äntwert op de Subventiounsprogramm vun den USA fir gréng Technologie schaffen. Sollt d'EU net nozéien, besteet d'Gefor, dass entspriechend Konzerner hir Zukunft an den USA gesinn.