Et war déi éischte Kéier, dass den ukrainesche President Selenskyj physesch am Europäesche Parlament war.
D’Deputéiert hu schonn eleng bei senger Arrivée mat Standing-Ovations eigentlech queesch duerch d'Reie reagéiert. Viru senger Ried krut hie vun der Presidentin vum Europaparlament Roberta Metsola schonn den absolutte Réckhalt vun den Europäescher Unioun versprach: politesch, finanziell, humanitär a militäresch.
A genee an dee Clibbche wëll de President Selenskyj mat sengem Land. Déi Ausso huet sech wéi e roude Fuedem duerch seng Ried gezunn: De "European way of life" wéi den President e puer Mol sot.
Europa wäert gewannen, sot hien an déi Aussoen hunn och d’Lëtzebuerger Europadeputéiert markéiert. Dorënner de Christophe Hansen vun der CSV.
"Dat hei war mat Spannung erwaart ginn. Et ass och en Tour de force diplomatique vum ukrainesche President, fir eis Solidaritéit och bäizebehalen. Dat do ass ënnert d'Haut gaangen. Si brauchen eis a si sinn dankbar fir, dat, wat mir scho gemaach hunn. Mä mir si mat eiser Hëllef nach laang net um Enn. Et ass och gutt ukomm, dass si lo offiziell e Bäitrëttskandidat sinn. Och do kënne mir nach e Schratt méi wäit goen, an der Ukrain de Statutt als Observateur ginn. Da kéinten hir Deputéiert an d‘Europaparlament nolauschtere kommen."
Symbolesch wär dat staark. Mä de Krich ass nach net gewonnen. Deemno kann een et och ëmdréinen. Wann d'Ukrain verléiert, verléiert och Europa.

Och de Sozialist Marc Angel, dee jo ee vun de Vizepresidente vum Europaparlament ass, war der Meenung, dass den ukrainesche President eng remarkabel Ried gehalen hätt.
"Wat mech markéiert huet, ass seng Ausso, hie wär de Verdeedeger vun den Ukrainer um Wee heem. Um Wee heem an Europa."
D'Europaparlament ass ganz decidéiert, och a Richtung EU-Conseil, dass d'Ukrain déi Waffe musse kréien, déi se brauch. Deemno elo Kampfjetten. Wuel nëmme fir defensiv Tâchen. An awer: et ass elo e kruziale Moment virun enger russescher Groussoffensiv, déi sech ofzeechent. Dat betount och de liberalen EU-Deputéierten Charles Goerens.
"Déi Schluecht ass net gewonne fir d‘Ukrain. Mir sollen net ënnerschätzen, dass d‘Russen onwarscheinlech vill Material kënne mobiliséieren. D‘Ukrain huet e gudde Wëllen. Mä si mussen och kënnen domat rechnen, dass mir hinnen zur Säit stinn. Net nëmmen massiv, mä och zu der richteger Zäit.“
Dowéinst huet de Charel Goerens de kloren Appell un d‘Staats- a Regierungscheffe gemaach, mat enger Stëmm ze schwätzen an net jiddereen eenzel iwwer Waffeliwwerungen ze beroden. Dat géif ze laang daueren.
"Ier se ufänken hei jidderee seng Partitur ze zerwéieren, sollen se sech eenegen op ee Message. D'EU huet esou vill gemaach. Mam Accueil vu Flüchtlingen am Ganze méi ewéi d'USA. Mä d'EU gëtt e schwaacht Bild of. Dat wat bis elo geschitt ass, war gutt mä et war ze lues."
Och déi gréng Deputéiert Tilly Metz ass dann der Meenung, dass een d'Ukrain weiderhin ënnerstëtze misst.
"Ech mengen, dass hei en Noutfall ass. Do geet et wierklech net duer, dass ee just mat Wierder seet, dass een d'Ukrain ënnerstëtzt, awer net konkret Hëllefsstellung ubitt."
De Wolodymyr Selenskij huet allerdéngs och vun der Opmierksameet profitéiert, fir e grousse Merci lasszeginn. Net nëmmen un d'EU-Politiker. Mä och un d'Biergerinnen a Bierger, déi spenden, déi awer och selwer betraff sinn, zum Beispill vun den héijen Energiepräisser.

© European Union
Wéinst dem prominente Besuch sinn déi aner festgeluechten Theme vum EU-Sommet no hanne verluecht ginn.
D'Staats- a Regierungscheffen – dorënner de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel – wäerten iwwer weider wirtschaftlech Sanktiounen géint Russland diskutéieren. Beim Thema Migratioun wäert et schwiereg Negociatiounen en Vue vun enger Asylreform ginn. Och déi massiv US-amerikanesch a chineesesch Subventioune fir Betriber dierften en Thema sinn. Dorop wëll d'Europäesch Unioun reagéieren, fir den Zuch vun neien Technologien net ze verpassen.