
Eigentlech sollt et um Sommet an der Haaptsaach ëm d‘Migratioun goen. Ma d'Presenz vum ukrainesche President hat den Ordre du Jour op d'Kopp geheit.
17 Stonnen EU-Sommet zu Bréissel. Vun där ganz emotionaler Visitt vum ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj bis iwwer wieder hëtzeg Debatten iwwer déi europäesch Migratiouns-Politik. Fir de Lëtzebuerger Premier gouf et zu Bréissel e ganz spezielle Kaddo vun der ukrainescher Delegatioun - d'Iwwerreschter vun engem russesche Missile, an där d'Ikon vun der St. Sophie dra gemoolt ass.
Wéi de Premier op de Kaddo reagéiert huet, gesitt Dir am Video.
Gespréich ënner véier Aen tëscht Xavier Bettel a Wolodymyr Selenskyj
De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel huet ënner véier Ae mam ukrainesche President geschwat. Friddensgespréicher oder en Enn vum Krich wiere wäit fort.
Diskutéiert gouf och iwwert d'Liwwerung vu Kampfjetten. Eng Diskussioun, an der sech de Xavier Bettel méi bedeckt hält: "Ech wëll mech als Lëtzebuerger do net ze vill amëschen. Mir deelen e Fliger mat der Belscher Arméi. Ech kann deenen anere schwéier Lektioune ginn. D'EU ass wichteg. Ech géif evitéieren, dass duerno ee Land als gutt gëllt, an déi aner als schlecht."
Anescht gesäit dat de slowakesche Premier Eduard Heger. Dee versprécht der Ukrain, dës kéint op d'Hëllef vu sengem Land zielen. Och Polen ass oppen an dëser Diskussioun. Aner Téin héiert een do vum hollännesche Premier Mark Rutte: "Déi alliéiert Partner mussen dat am klenge Krees diskutéieren. Net an der Ëffentlechkeet. De Feind soll net méi wëssen, ewéi néideg."
EU-Bäitrëtt fir d'Ukrain
Wat den EU-Bäitrëtt vun der Ukrain ugeet, soll een dem Land net ze vill verspriechen, fënnt de Xavier Bettel. Bis Ënn dës Joers kéint d'EU-Kommissioun gréng Luucht ginn, fir d'Prozedur fir e Bäitrëtt ze lancéieren.
"Do si Krittären ze erfëllen. A mir waarde bis d'EU-Kommissioun gréng Luucht gëtt fir d'Prozedur. Dat wäert normalerweis Enn dës Jores sinn. Si hunn awer och schonn immens vill ëmgesat. Dora soll ee si weider ënnerstëtzen", esou de Lëtzebuerger Premier
Migratioun an Hëllef fir Affer vun Äerdbiewen
Generell bleift d'Migratioun en Thema dat déi 27 Memberstaate spléckt. Fir de Lëtzebuerger Staatsminister dierf d'EU keng Festung sinn. De Ball läit elo nees bei der EU-Kommissioun, konkret Propositiounen auszeschaffen.
D'EU wäert d'Hëllef fir d'Äerdbiewe-Regioun ausbauen, dat hunn d'EU-Staats- a Regierungscheffen um Bord vum Spezialsommet zu Bréissel decidéiert.