
© AFP/Kenzo TRIBOUILLARD
De belsche Sozialdemokrat Marc Tarabella wier festgeholl ginn a géif vun der belscher Police befrot ginn.
Dat huet e Spriecher vum belsche Parquet e Freideg matgedeelt. Den Tarabella gëtt verdächtegt, Suen aus dem Katar ugeholl ze hunn. D'EU-Parlament hat him schonn ugangs dës Mounts d'parlamentaresch Immunitéit entzunn.
Zäitgläich zum EU-Deputéierte senger Verhaftung goufen zu Anthisnes - wou den Tarabella Buergermeeschter war - am Gemengenhaus eng Partie Büroen duerchsicht. Eng weider Perquisitioun gouf et am Tresor vun enger Bank, deen dem Tarabella soll gehéiert hunn.
Belsche Medien no hätt den italieeneschen Europa-Deputéierten Antonio Panzeri, deen als Haaptverdächtegen am Korruptiounsskandal gëllt, am Dezember ausgesot, dass hien dem Tarabella tëscht 120.000 an 140.000 Euro iwwerwisen hätt.
Den Tarabella hat den 2. Februar iwwerdeems selwer fir d'Ophiewe vu senger Immunitéit gestëmmt a sech bereet erkläert, mat den Enquêteuren zesummenzeschaffen.