Deenen zwee Politiker, aus der Belsch an aus Italien, gëtt virgehäit Suen aus Drëttstaaten ugeholl ze hunn.

Am Kader vun der Korruptiounsaffär am EU-Parlament sinn zwee weider Deputéiert festgeholl ginn. De belsche Politiker Marc Tarabella ass e Freideg de Mëtten zu Bréissel vum Parquet verhéiert ginn. Duerno huet déi italieenesch Police owes och den Andrea Cozzolino an engem Spidol zu Neapel festgeholl.

Ufank Februar war d'Immunitéit vun den zwee EU-Deputéierten opgehuewe ginn.

Deenen zwee Politiker, aus der Belsch an aus Italien, gëtt virgehäit, Suen aus Drëttstaaten ugeholl ze hunn. Dës Länner hätten domadder d'Entscheedunge vum EU-Parlament wëlle beaflossen. D'Enquête zu Bréissel leeft den Ament, wéi déi belsch Autoritéite mellen.

Am Dezember war d'Korruptiounsaffär opgeflunn, wouropshin déi deemoleg Vizepresidentin Eva Kaili festgeholl gouf.