D'europäesch Ekonomie kënnt laanscht eng Rezessioun, mee de Géigewand hält un, schreift d'EU-Kommissioun e Méindeg de Moien.
Fir dëst Joer gesäit een elo an der ganzer EU 0,8 % an an der Eurozon 0,9 % Wirtschaftswuesstem viraus. Am Hierscht war een nach vun 0,3 % ausgaangen.
Fir Lëtzebuerg gesäit Eurostat 1,7 % Croissance vir. Am meeschte Wuesstem kéint et an Irland mat +4,9 % ginn. Just a Schweden wier mat enger Rezessioun ze rechnen an zwar ëm -0,8 %.

Och d'Inflatioun soll mat 5,6 % méi niddreg sinn ewéi 2022, wat als Rekordjoer bezeechent gëtt.
Am Oktober war de Pic mat 10,6 % Inflatioun. 5,6 % ass awer nach ëmmer héich, an dat géing d'Ekonomie ofbremsen.
Am meeschte gelies