
© NICOLAS ECONOMOU NurPhotoNurPhoto via AFP
Nodeems d'Zuel vun illegalen Areesen an d'EU zejoert op e Rekordniveau geklomme war, weist sech am Januar dëst Joer eng liicht Tendenz no ënnen.
Grond dofir wiere virop déi schlecht Wiederkonditiounen op den Haaptweeër. Dat huet d'EU-Grenzschutzagence Fontex e Méindeg matgedeelt. Am Januar goufe méi wéi 13.000 illegal Grenz-Passagë registréiert. De Gros dovun an de Balkan-Länner. Am heefegste koumen d'Leit aus Afghanistan, der Côte d'Ivoire, Guinea a Syrien.
Am meeschte gelies