
© AFP
E gëllt dann, wann de Präis op der europäescher Gas-Bourse TTF an Holland dräi Schaffdeeg hannertenee bei iwwer 180 Euro pro Megawatt-Stonn louch.
Derbäi kënnt, dass de Präis iwwert déi dräi Deeg gläichzäiteg och op d'mannst 35 Euro iwwert dem Präis vum Weltmaart vum Flësseggas muss leien. Dorobber hate sech Mëtt Dezember d’lescht Joer déi europäesch Energieministere gëeenegt.
Dat Ganzt gëtt nees ausgesat, wann et eng onnatierlech héich Demande gëtt, oder am Géigendeel eng extrem schwaach Nofro. Mat deem Mechanismus wëll een der Spekulatioun géigesteieren.
Aktuell steet den TTF-Gaspräis iwwregens bei eppes iwwer 50 Euro.
Am meeschte gelies