D'Europäesch Kommissioun huet decidéiert, Lëtzebuerg ze verkloen, well d'Regierung EU-Direktiven iwwer Schosswaffen net komplett ëmgesat huet.

Lëtzebuerg hätt EU-Reegelen iwwer technesch Spezifikatiounen fir Schreckschoss- a Signalwaffen net komplett an dat nationaalt Recht iwwerholl, esou d'Argumentatioun vun der Kommissioun. Mat deene Reegele soll evitéiert ginn, dass des Waffen esou konstruéiert sinn, dass si zu enger richteger Waff, mat Kugelen oder Schrout, kéinten ëmgebaut ginn. Lëtzebuerg hätt dës Direktiv bis de Januar 2020 mussen ëmgesat hunn.