De Korruptiounsskandal ëm d'EU-Parlament suergt nach weider fir vill Diskussiounen.

Fir de Korruptiounsskandal ronderëm d'EU-Parlament opzeschaffen, fuerderen d'Deputéiert, dass en onofhängegen Ethikgremium fir d'EU-Institutioune geschaaft gëtt. Esou e Gremium soll dann op eegen Initiativ hin eng Enquête kënnen entaméieren. Donieft soll esou en Ethikgremium kënne mat EU-Administratiounen, wéi dem Anti-Fraud-Büro, zesummeschaffen. D'Initiativ fir esou e Gremium op d'Been ze stellen muss allerdéngs vun der Kommissioun kommen.

An der Suitte vun dësem Skandal am Europa-Parlament bleiwen d’Eva Kaili an de Marc Tarabella weiderhin an Untersuchungshaft. Dat huet e Geriicht zu Bréissel en Donneschdeg decidéiert. Déi fréier Vizepresidentin an de belschen Europadeputéierte gëllen als déi zwee Haaptbeschëllegt.

D’Affekote vun deenen Zwee hunn iwwerdeems gefrot, dass de Riichter misst ausgetosch ginn, an hunn dësem Eesäitegkeet reprochéiert. Hie géif d'Présomption d'innocence mat Féiss rennen. De Riichter selwer huet elo 48 Stonnen Zäit, sech ze verdeedegen.