Dat sinn 3% méi wéi am Pandemie-Joer 2021, awer 10% manner wéi 2019.

D'Kommissioun schwätzt an engem Communiqué vu Fortschrëtter, déi jee no Memberland ganz ënnerschiddlech sinn.

Wärend d'Zuelen a Litauen, Polen an Dänemark no ënne weisen, geschitt de Géigendeel an Irland, Spuenien, Frankräich, Italien, Holland a Schweden. Fir Lëtzebuerg gëtt et nach keng Chiffere vun zejoert. Allgemeng befënnt de Grand-Duché sech am EU-Rapport op der 13. Plaz vu 27 Memberlänner.

Am Verglach falen zu Lëtzebuerg Vitesse- an Akohol-Verstéiss negativ op.