Eng kriminell Organisatioun, déi a ganz Europa aktiv war, soll beim Verkaf vun elektroneschen Apparater, d'TVA hannerzunn hunn.

Insgesamt wieren op dës Manéier 25 Milliounen € hannerzu ginn. Dat deelt de European Public Prosecuters Office mat Sëtz um Kierchbierg mat.

D'Organisatioun hat hire Sëtz a Spuenien. Si hat ënner anerem mat Smartphonen a Computere gehandelt.

An 8 Länner - dorënner och Lëtzebuerg -  goufen am Ganze 17 Leit festgeholl. De presuméierte Kapp vun der Organisatioun gouf zu Mailand gepëtzt.