
© AFP Archivbild
An den USA hu Regierungsmataarbechter d'Applikatioun TikTok scho misse vun hiren Déngschthandyen erofhuelen. Elo zitt een zu Bréissel no.
D'Europäesch Kommissioun huet hir Mataarbechter opgefuerdert, d'chineesesch Social-Network-Applikatioun TikTok op sämtlechen Apparater ze desinstalléieren. Bis de 15. Mäerz hunn d'Leit Zäit dëst ze maachen. Wien dat ignoréiert, ass vu Mëtt Mäerz un net méi am internen E-Mail-Service vun der EU-Kommissioun.
De Grond si Suergen ëm d'Datesécherheet vun der Institutioun, sou e Porte-parole en Donneschdeg.
Am meeschte gelies