
Ufank Februar huet d'Stad Diddeleng der Ukrain e Camion mat Dréileeder geschenkt. / © Pompjeeën Diddeleng
Eng grouss Majoritéit vun de Leit, déi gefrot goufen, begréissen d'europäesch Moossnamen am Kader vum Ukrain-Konflikt.
88% ënnerstëtzen den Accueil vu Flüchtlingen aus der Ukrain, 77% fannen de finanzielle Support fir Kiew ubruecht a ronn zwee Drëttel vun de gefrote Persoune begréissen och déi militäresch Ënnerstëtzung.
Dernieft wëll eng grouss Majoritéit, datt d'EU manner ofhängeg vu russescher Energie gëtt. Dofir soll staark an erneierbar Energien investéiert ginn.
D'Präisdeierecht bleift iwwerdeems eng vun den Haaptsuerge vun de Leit. Just e bësse manner wéi d'Hallschent vun de gefrote Leit hu Vertrauen an d'EU. Och dat koum beim neisten Eurobarometer eraus.
D'Ëmfroe goufen an de Méint Januar a Februar vun dësem Joer realiséiert.