
Sven Giegold
Zu Stockholm a Schweden sinn e Méindeg an Dënschdeg d'Energieminister an d'Transportminister aus der EU fir eng informell Reunioun beieneen.
Hei geet et drëms, driwwer ze beroden, wéi d'Energieonofhängegkeet an d'Klimaziler kënnen erreecht ginn. D'Minister diskutéieren ënnert anerem iwwert déi geplangte Reform vum Energiemaart, déi am Mäerz soll virgestallt ginn.
Dëse Wanter konnten d'Ziler fir Energie ze spueren an der EU erreecht ginn - wann och net ganz fräiwëlleg, wéi déi schwedesch Energieministesch Ebba Busch ervirgestrach huet.
"Dat ass eppes, dat souwuel d'Betriber wéi d'Stéit ganz aktiv gemaach hunn dëse Wanter, ma dat war ebe well d'Präisser extrem geklomme sinn an d'Betriber an d'Stéit hir Rechnunge soss net hätte kënne bezuelen."
Dofir wier et och wichteg, weider ze spueren an iwwert d'15-Prozent-Zil erauszegoen, fir e Signal un de Marché ze ginn, datt et elo net de Moment wier, fir d'Präisser an d'Luucht ze setzen, sot de Sven Giegold, Staatssekretär am däitsche Wirtschafts- a Klimaministère.
"Und dabei sollten wir diese beide Lehren, die Preise sind immer noch zu hoch und wir müssen auch weiter an die Versorgungssicherheit im nächsten Winter denken, das immer im Kopf behalten. Und daraus folgt eben, die zukünftige Strommarkt-Reform muss so gemacht sein, dass sie nachhaltige Energieinvestitionen stärkt und nicht schwächt."
De Lëtzebuerger Energieminister Claude Turmes sot, déi erneierbar Energie misste séier ausgebaut ginn an den europäeschen Energiemaart misst weider integréiert ginn. Allgemeng wier den Energiemaart gutt organiséiert.
"A Frankräich zum Beispill wier et komplett däischter gewiescht, wann net dat ganzt Elektrescht op de franséische Maart gefloss wier, well al Atomwierker versot hunn. Dofir iwwerrascht et mech e bëssen, datt a Frankräich iwwert eng Renationaliséierung geschwat gëtt."
Fir Lëtzebuerg wier Atomenergie keng Léisung, se wier net sécher, deier a géing och keng kuerzfristeg Léisung bidden.