
© AFP
D'Kommissiounspresidentin Von der Leyen an de brittesche Premierminister Sunak solle sech an der Fro vum Nordirlandprotokoll op e Kompromëss gëeenegt hunn.
Dat melle verschidde Medien, dorënner POLITICO, den Deutschlandfunk an d'Tagesschau, a beruffe sech dobäi op EU-Kreeser. Bei enger Pressekonferenze Méindeg am spéiden Nomëtten hate béid Säite weider Detailer kommunizéiert.
De sougenannten Nordirlandprotokoll ass Deel vum Brexit-Vertrag, deen den Austrëtt vum Vereenegte Kinnekräich aus der Europäescher Unioun reegelt. De Protokoll gesäit fir, dass d'Zoll-Grenz tëscht Groussbritannien an der EU duerch d'iresch Séi verleeft. Dat soll verhënneren, dass tëscht dem britteschen Nordirland an der Republik Irland, déi Deel vun der EU ass, Grenzkontrollen agefouert ginn. Dat hat allerdéngs zu Probleemer mam Handel bannent Groussbritannie gefouert. Déi protestantesch Unhänger vum Vereenegte Kinnekräich an Nordirland hu sech isoléiert gefillt. London wollt de Protokoll dowéinst nei verhandelen.
De neie Windsor-Accord gesäit dem brittesche Premier Rishi Sunak no däitlech Erliichterunge vir bei de Kontrolle vu Wueren tëscht Groussbritannien an Nordirland. Dat géif virun allem Medikamenter a Liewensmëttel betreffen: "Et heescht datt d'Commerçanten, Supermarchéen oder Restaurante keng honnerte Certificate méi brauche fir all Liwwerung. An an Zukunft wäerten och Liewensmëttel, déi no brittesche Standarde produzéiert goufen, net méi verbuede sinn an Nordirland ze schécken oder do verkaf ze ginn. Dat heescht, datt wann Iessen an engem brittesche Supermarché ze kafen ass, et och an Nordirland am Supermarché ze kafen ass."
Heimat géif en neit Kapitel ufänken:
"Et geet ëm d'Stabilitéit an Nordirland, et geet em richteg Leit a richteg Betriber. Et geet drëm ze weisen, datt eis Unioun, déi et zanter Joerzéngte gëtt, weider wäert ginn. An et geet drëm d'Barrièren tëscht eis ze briechen."
De Kompromëss, op dee Groussbritannien an d'EU sech gëeenegt hunn, gesäit vir, dass de Verkéier vun de Wuere mat Nordirland iwwer zwou Spuere funktionéiere sollen: Eng rout an eng gréng.
Iwwert déi sougenannte gréng Spuer gi Wueren aus Groussbritannien an Nordirland importéiert respektiv aus Nordirland an dat Vereenegt Kinnekräich exportéiert. An deem Fall musse keng Zoll-Pabeieren ausgefëllt ginn an et ginn nëmmen nach vereenzelt zoufälleg Kontrollen.
Déi rout Spuer ass fir Wueren, déi iwwert Nordirland weider an Irland an domadder an den europäesche Banne-Marché importéiert ginn a fir Wueren, déi aus der EU an Nordirland exportéiert ginn. Bei dëse mussen d'Zoll-Pabeieren ausgefëllt ginn. D'Kontrollen, déi bei engem Import aus engem Drëttstaat an d'EU ufalen, ginn awer net op der Grenz tëscht Nordirland an Irland, duerchgefouert, mä wann d'Wueren an engem nordireschen Hafen ukommen.
D'Ursula von der Leyen huet betount datt de Kompromëss déi Haaptfuerderunge vun der EU erfëlle géif: "Et protegéiert e schwéier verdéngte Friddensaccord fir d'Leit aus Nordirland an iwwert déi ganz Insel vun Irland. Gewalt huet keng Plaz an eiser Gesellschaft. Ech verurteele ganz staark d'Schéisserei lescht Woch, wou en Offizéier ëmbruecht gouf, an meng Gedanke si bei him a senger Famill."
No méintelaangen intensiven Negociatiounen gouf sech also op en neien Accord iwwert de Status vun Nordirland gëeenegt. D'brittescht Parlament soll nach iwwert den Deal ofstëmmen dierfen an och d'EU-Länner mussen hiren Accord ginn.