Zanter dem 18. Januar dëst Joer ass de Marc Angel net méi just Europadeputéierten, ma och ee vun de 14 Vize-Presidente vum Europaparlament.
Zu Stroossbuerg weist hien eis, wéi säin neien Alldag ausgesäit. Et ass déi éischte Kéier, dass de Lëtzebuerger Europadeputéierten eng Plenière presidéiert. E ganz spezielle Moment, souwuel fir hie selwer wéi och fir seng Ekipp, déi dës Experienz op de sozialen Netzwierker deelt. 4.000 Follower méi huet de Marc Angel zanter senger Nominatioun als Vize-President vum Europaparlament.
"Et ass ebe just, dass ech elo duerch déi nei Positioun einfach méi Follower hunn a méi Leit kucken, wat ech soen a sech méi fir meng Aarbecht interesséieren. Mee soss wäert ech awer ëmmer weider dat nämmlecht maachen, versichen, transparent meng Aarbecht erëmzeginn, déi hei am Haus gemaach gëtt."
Déi 14 Vize-Presidente vum Europaparlament kënnen amplaz vun der Presidentin Roberta Metsola eng Plenière presidéieren. Dem Marc Angel seng Roll ass et also, de Riedner d'Wuert ze ginn, d'Zäit am Bléck ze halen a fir ee glaten Oflaf vun den Debaten ze suergen. Dass e 6 Sprooche schwätzt an en Diplom huet an der englescher, franséischer an däitscher Iwwersetzung, ass do vu Virdeel. Ëmmerhin zielt d'EU-Parlament 24 Amtssproochen.
Mat sengem neie Posten huet de Marc Angel d'Nofolleg vun der Griichin Eva Kaili ugetrueden, déi am Dezember suspendéiert ginn ass wéinst dem Verdacht vu Korruptioun. An dëser Vertrauenskris wëll de Marc Angel sech konkret fir méi Transparenz an Ethik bannent den EU-Institutiounen a Fraktiounen asetzen.
"Mir mussen och ganz schnell verbidden, keen Deputéierten däerf eng bezuelte Rees kréie vun iergendengem. Mir hunn hei Budgeten, wa mer musse reesen an et däerf een net eng Rees unhuelen. Mir mussen och ganz streng sinn, wat Geschenker ubelaangt an am beschten iwwerhaapt keng Kaddoen. Mir mussen en Transparenzregister méi verdéiwen an net nëmmen déi Rendezvousen androen, wann een un engem Gesetzestext oder un engem Dossier schafft, mee all Rendezvous, deen ee mat engem Lobbyist – sief dat e Représentant vun enger Ëmweltorganisatioun, vun enger Chambre de Commerce, vun enger Firma, oder vun enger Gewerkschaft – dass een déi an dat Register aschreift."
De Marc Angel ass elo also en Deel vum Büro (däitsch: Präsidium), deen d'Reegele fir de gudde Fonctionnement am Parlament fixéiert, an Decisiounen hëlt iwwert de Budget, d'Organisatioun an d'Personal vun der Institutioun. De Büro besteet aus dem President an de 14 Vize-Presidenten, sou wéi 5 Questeuren, déi dem Büro mat berodender Stëmm ugehéieren. Ee vun hinnen ass de Christophe Hansen.
"E Questeur ass bësse wéi den Délégué de Classe an enger Schoul. Mir sinn d’Interface tëscht der Verwaltung vum Parlament an den Deputéierten. Mir sinn do, fir d’Presidentin Roberta Metsola sou wäit et geet ze dechargéieren, well natierlech ka si net alles eleng maachen. An dann hu mer awer och eng representativ Roll."
Mat hiren Decisiounen huet d'EU-Parlament en Afloss op d'Liewe vu 447 Millioune Bierger a 27 Länner.