
© Afp
Anescht wéi geplangt, wäerten d'EU-Staaten awer net nächsten Dënschdeg iwwert e Verbuet vun neie Verbrenner-Autoe vun 2035 un ofstëmmen.
Dat huet e Spriecher vun der schwedescher Presidence e Freideg de Moien zu Bréissel bekannt gemaach. De Vott géing nogeholl ginn. Hannergrond ass de Widderstand notamment vun der FDP an Däitschland géint d'Pläng, datt no 2035 keng nei Verbrenner méi dierften zougelooss ginn.
Eigentlech ware sech d'EU-Parlament an d'Memberstaaten ewell am Oktober iwwert d'Verbrenner-Verbuet eens ginn. Dat sollt en Dënschdeg just nach formell festgehale ginn. D'FDP verlaangt vun der Kommissioun eng Léisung mat E-Fuels fir Autoe mat Verbrennungsmotore CO2-neutral ze maachen. Och Italien, Polen a Bulgarie si géint d'Verbuet. Mat Däitschland géing dat duergoe fir eng Spärminoritéit.