
Et gouf an der EU kee Baby-Boom an der Suite vun de Lockdownen an der Corona-Pandemie, dat deelt Eurostat mat.
2021 koumen an der europäescher Unioun 4,09 Millioune Puppelcher op d'Welt, just 20.000 méi ewéi 2020. D'Frae waren an der Moyenne 29,7 Joer al.
Den Taux de fécondité geet zënter 2008 kontinuéierlech erof a louch virun 2 Joer bei 1,53 Kanner.
Zu Lëtzebuerg sinn d'Gebuerten 2021 ëm 3,6% erop gaangen. D'Mammen haten an der Moyenne 31,1 Joer. Den Taux de fécondité louch bei 1,38, dat soen d'Zuele vum Statec.
Am meeschte gelies