D'Europäesch Unioun wëll den Energieverbrauch an den nächste 7 Joer ëm méi wéi een Zéngtel erofsetzen.

Dat fir méi onofhängeg vu Russland ze ginn an d'Klima ze schützen.

Vertrieder vun de Memberlänner an dem Europaparlament hunn e Freideg zu Bréissel en entspriechenden Accord fonnt. Deemno sollen d'Memberstaaten hir Consommatioun all Joer bis 2030 ëm ronn annerhallwe Prozent erofschrauwen.