
© AFP
D'Efforten, fir Interessekonflikter bei der Distributioun vun EU-Gelder ze verhënneren, géife bei Wäitem net duergoen.
Esou heescht et e Méindeg vum europäesche Rechnungshaff. Esouwuel d'EU-Kommissioun wéi d'Memberstaaten hätten zwar Mesurë geholl, fir géint dës Interessekonflikter virzegoen, ma et géif nach ëmmer Lücken am System.
Eleng 2021 si ronn 120 Milliarden Euro verdeelt ginn. D'Gestioun vun dëse Suen ass tëscht der EU an de Memberlänner opgedeelt.
Am Rapport vum Rechnungshaff gëtt och e Beispill genannt vun engem Employé vun der Lëtzebuerger Regierung, dee senger Fra, déi e Bauerenhaff hat, Donnéeë ginn huet, fir verschidden Aiden unzefroen.
Am meeschte gelies