
© Shutterstock
D'Europäesch Kommissioun proposéiert nei Reegelen, fir d'Stroum-Präisser ze stabiliséieren.
Laangzäitkontrakter mat fixe Präisser a Kontrakter, déi vum Staat garantéiert ginn, solle gefërdert ginn. Gläichzäiteg soll den Ausbau vun erneierbaren Energie virugedriwwe ginn. Iwwert dee Wee sollen déi staark Präisfluktuatiounen, wéi mir se zejoert gesinn hunn, an Zukunft evitéiert ginn.
Am meeschte gelies