
© FABRICE COFFRINI AFP
D’Bourssen an Europa weisen e Mëttwoch nees rout Zuelen.
D’Hausse vun den Zënse suergt dofir, datt Wäertpabeieren u Wäert verléieren an dëst ka Schwieregkeete bei de Liquiditéite mat sech bréngen. D’Zentralbanken, och an Europa, sinn awer ënner Drock fir d’Zënse weider an d’Luucht ze schrauwen, well d’Inflatioun nach ëmmer ze héich ass.
D’EZB hëlt en Donneschdeg och eng Decisioun. Och scho wéinst der Faillite vun der Silicon Valley Bank gëtt spekuléiert, datt d’Zentralbanken d’Zënse manner oder manner séier an d’Luucht setzen. Wéinst den Turbulenzen op de Finanzmäert ass iwwregens de Barrel Pëtrol ënner 70 US-Dollar gefall. De niddregsten Niveau zanter Dezember 2021.