Et ass déi 6. Hausse hannerteneen, déi zu Frankfurt decidéiert gouf.

Méi héich Zënse maachen d’Prête méi deier, wat d’Nofro bremst an der Inflatioun entgéintwierke soll.

D'Europäesch Zentralbank huet haut eng weider Zënshausse vun 0,5 Prozentpunkten decidéiert, an hält domadder, trotz de rezenten Onsécherheeten am Bankesecteur, un hirer Politik fest. Domat läit de Leetzëns elo bei 3,5 Prozent.

Zanter Juli zejoert huet d'EZB d'Zënsen domadder elo scho 6 Mol gehuewen. Iwwert dee Wee soll déi héich Inflatioun gebremst ginn. D’Zil vun der Europäescher Zentralbank ass a bleift eng Präisdeierecht vun 2 Prozent. Am Februar louch d’Inflatioun am Euroraum nach bei iwwer 8 Prozent. Fir dat ganzt Joer rechent Frankfurt den Ament nach mat enger Inflatioun vu 5,3 Prozent. Dat ass manner wéi nach am Dezember.

Am Virfeld vun der EZB-Sitzung zu Frankfurt um Donneschdeg war driwwer spekuléiert ginn ob d’Zënshausse méi niddreg géif ausfale, wéinst den Turbulenze bei der Crédit Suisse an enger Rei klengen amerikanesche Banken. D’Cheffin vun der Europäescher Zentralbank Christine Lagarde huet de Mëtteg betount et géif "keen Zilkonflikt tëscht Präisstabilitéit a finanzieller Stabilitéit". De Bankesecteur wier haut vill méi staark, wéi bei der leschter Finanzkris 2008.  An d’EZB hätt och all "geldpolitesch Instrumenter fir den Euro-Finanzsystem z’ënnerstëtzen" wann et néideg wier. E Risiko fir eng weltwäit Finanzkris zu dësem Ament gesinn Observateuren net.